Braucht Dir Hëllef? Rufft eis elo un.
Simulate the price and order online! Quick and easy!
Simulez le prix et commandez en ligne! Facile et rapide!
Simulieren Sie den Preis und bestellen Sie online! Einfach und schnell!
Simuléiert den Präis an bestellt online! Einfach an schnell!
Gidd w.e.g. Är Postleitzuel un
Botze vu Poubellen
Service ab
5.05€ / Botz
- Abonnement op d‘Joer
- Botze vun den normalen, Bio- a Glaspoubellen
- 1 bis 12 mol Botze pro Joer
Botze vu Containeren
Service ab
12€ / Botz
- Abonnement op d‘Joer
- Botze vun den normalen, Bio- a Glascontaineren
- 1 bis 12 mol Botze pro Joer

Rentabel
Fir e Brochdeel vun den traditionelle Botzkäschten kënnt eise Camion bei Iech virun d'Dier a botzt Är Poubellen ouni Onanneemlechkeeten.

Rapide
Dank eiser effizienter Botzmethod këmmere mir eis an nëmmen e puer Minutten ëm Är Poubelle.

Nohalteg
Ady's ass nohalteg! Mir benotzen Reewaasser fir är Poubellen ze botzen.
Mir hëllefen Iech och, folgend Schädlinge lasszeginn:
Ab 120€

Ab 95€

Ab 95€

Ab 95€

Ab
149€

Vun 200€ un

FAQ
Wäert ech duerch ee Kontrakt gebonne sinn?
Nee, Dir kënnt Äert Abonnement zu all Moment kënnegen. Passt just op, dass Dir d’Annulatioun virum wëchentleche Stéchdatum maacht, fir Är nächst Bestellung ze annuléieren. Dat ass ganz einfach!
Wéi mellen ech mech un?
D’Umeldung ass ganz onkomplizéiert. Klickt einfach uewen op dëser Säit op de “Bestellen”-Button a befollegt déi fënnef Schrëtt.
Wat muss ech maachen?
Ady’s schéckt Iech e Kalenner mat den Daten, wou mir botze kommen, an e Sticker, fir op Är Poubelle ze pechen. Elo musst Dir just nach Är Poubelle un den indiquéierten Deeg eraussetzen, fir eidel gemaach ze ginn. Duerno këmmere mir eis ëm d’Botzen.
Muss ech mäin Abonnement all Joer erneieren?
Nee, d’Abonnement gëtt automatesch all Joer erneiert, ausser am Fall vun enger Kënnegung.
Bitt Dir Äre Service a menger Regioun un?
Eist Zil ass et, eis Servicer iwwerall zu Lëtzebuerg unzebidden a mir erweideren eisen Interventiounsberäich reegelméisseg mat neie Gemengen. Besicht eisen Online-Shop, fir erauszefannen, ob eis Servicer an Ärer Stad disponibel sinn.
Wat muss ech maachen, wann ech plënneren?
Sot eis einfach per E-Mail bescheed a gitt eis Är nei Adress. Mir géngen eis freeën, Iech eis Servicer och op Ärer neier Adress unzebidden.
Wann Dir méi Informatioun braucht, schéckt dem Ady e klenge Message!
Aner Servicer

Eraus- an Erasetze vun de Poubellen
Sinn Är Poubellen ze schwéier? Sinn et der ze vill? Hutt Dir eng géi Pente? Verpasst Dir oft den Dreckswon? Méi Informatiounen

Erausbrénge vu Valorlux-Tuten
Mir bréngen och Är Valorlux-Tuten oder -Charioten eraus a wann néideg och nees eran. Méi Informatiounen

Triage-Statioun
Installatioun & Gestioun vun enger Triage-Statioun an Appartementsgebaier. Méi Informatiounen

Entsuergung vu Sperrmüll
Mir hunn eng Léisung fir de Sperrmüll an Ärem Offallraum. Méi Informatiounen
Braucht Dir Hëllef? Rufft eis elo un.
Simulate the price and order online! Quick and easy!
Simulez le prix et commandez en ligne! Facile et rapide!
Simulieren Sie den Preis und bestellen Sie online! Einfach und schnell!
Simuléiert den Präis an bestellt online! Einfach an schnell!