Schädlingen: De komplette Service.

Mir si réicht zefridden, wann Äert Haus zu 100 Prozent schädlingsfräi ass.

Firwat ass professionell Insektebekämpfung noutwendeg?

Schädlinge sinn dacks Träger vu Krankheeten a Bakterien. Aus deem Grond ass et wichteg, se sou séier wéi méiglech lasszeginn. Professionell Schädlingsbekämpfung ass déi effektivst Manéier, fir all Zort vu Schädlingsplo ze eliminéieren, déi Haiser oder professionell Gebaier befale kann. Den Traitement gëtt un d’Aart vum Befall an un dat jeeweilegt Ëmfeld ugepasst.

Ëm watfireng Insekte këmmert Dir Iech?

Mir këmmeren eis ëm d’Eliminéierung vun all Zort vun Insekten, déi Äre privaten oder berufflechen Alldag negativ beaflosse kënnen.

Wéi gëtt de Präis fir eng Schädlingsbekämpfung fixéiert?

D’Methode vun der Insektebekämpfung mussen dem Typ an der Struktur vum Gebai, wat behandelt gëtt, ugepasst ginn. An dësem Sënn variéiert de Präis fir eng Interventioun jee no Gebäi, sief et een Appartement, een Haus oder een industriellt oder Bürosgebai.

Wouhier wees een, dass et un der Zäit ass, Schädlingsbekämpfungsexperten ze ruffen?

Soubal Är eege Schädlingsbekämpfungsmethoden net méi wierken, ass et Zäit, e Spezialist ze ruffen. Wann Dir mat enger massiver Invasioun geplot sidd, empfeele mir Iech, direkt en Expert ze kontaktéieren.

Déi verschidden Etappe vun der Insektebekämpfung

Éischte Kontakt: Fir eis ze kontaktéieren, fëllt einfach eisen Online-Formulaire aus oder rufft eis iwwer Telefon un. Eis Techniker këmmeren sech sou séier wéi méiglech ëm Ären Dossier.

Inspektioun: Wärend enger éischter Visitt identifizéiert a lokaliséiert eisen Expert Ären Insekteproblem. Duerno proposéiert hien Iech een Traitement, wat un Äert Gebai an d’Aart vun der Insekteplo ugepasst ass.

Traitement: Ofhängeg vum Traitement kënnt eist qualifizéiert Team eng oder méi Kéiere bei Iech heem, fir Äre Problem ze traitéieren an eng komplett Eliminatioun vun alle Schädlingen an Ärem Gebai ze garantéieren.

Déi verschidde Methode vun der Insektebekämpfung

Mir benotze verschidde Methoden, fir all Zort vun Insekten ze eliminéieren. Ier mir entscheeden, watfireng Method déi bescht ass, fir Ären individuelle Problem ze léisen, musse mir fir eng Inspektioun laanschtkommen, fir d’Aart an den Ausmooss vum Schädlingsbefall an Ärem Gebai ze bestëmmen. No dëser Inspektioun entscheeden d’Experten, ob d’Inverventioun anhand vu Sprëtzen, Ausräucheren, Nebuliséierung oder duerch d’Applizéiere vun Insektizidgel geschéie soll.

Sprëtzen

Fir dës Method sinn eis Experten mat engem spezielle Sprëtzgerät ausgestatt, wat mat professionnellen Insektiziden gefëllt ass, déi dann esouguer an déi verstopptesten Ecker vun der infizéierter Zon erakommen. Op dës Manéier kënne mir Är Sécherheet souwéi de Schutz vun der Ëmwelt garantéieren.

Ausräucheren

Fir déi méi empfindlech Ëmfelder benotze mir d’Method vun der Ausräucherung. Dobäi verdeele mir ee Gas, wat aus professionnellen Insektizide besteet, fir d’Ëmgéigend komplett vu Schädlingen ze befreien.

Nebuliséierung

Dës Technik gëtt duerch ee speziellt Gerät erméiglecht, dat en Niwwel aus renge Partikele kreéiert, deen aus professionnelle flëssegen Insektizide besteet. Dës Technik gëtt haaptsächlech fir grouss oppen oder geschlosse Flächen, wéi z.B. Gréngflächen, benotzt.

Insektizidgel

Fir krabbelend Insekten benotze mir haaptsächlech den Insektizidgel. Mir plazéieren dëse Gel op strategesche Plazen, fir d’Insekten unzezéien. Si verschléngen dëse Produit a stierwen direkt.