Braucht Dir Hëllef? Rufft eis elo un.

Simulate the price and order online! Quick and easy!

Simulez le prix et commandez en ligne! Facile et rapide!

Simulieren Sie den Preis und bestellen Sie online! Einfach und schnell!

Simuléiert den Präis an bestellt online! Einfach an schnell!

Schädlingen

Direkt Ratebekämpfung

Ab
149€

  • Eemoleg Bezuelung
  • Eliminatioun vun Nagedéieren: Raten a Mais
  • Schnell Interventioun
  • D‘Visitt beinhalt d‘Inspektioun an d‘Interventioun
  • Schädlingsbekämpfung dobannen an dobaussen

Optioun: 24/7-Iwwerwaachung mat net-gëftege Köderstatiounen

Bestellt Elo
Schädlingen

Laangfristeg Schädlingsbekämpfung

Ab
290€ / Pro Joer

  • Joresvertrag
  • Effektiv Präventiounsmoossnamen: Köderstatiounen a Ratefalen
  • 24/7-Iwwerwaachung dank net-gëftege Köderstatiounen
  • Ongeféierlech fir Är Hausdéieren
  • Järlech Ënnerhaltsvisitt vun engem héichqualifizéierte Ratebekämpfungsteam
KONTAKTÉIERT EIS

Direkt Traitement

Rendez-vous zu där Auerzäit, déi Iech am beschte passt. Mir si reaktiv, a mir respektéieren Är Privatsphär wärend eiser Interventioun.

Personaliséierten Traitement

Eis innovativ an eenzegaarteg Traitementer léisen Är Schädlingsproblemer op eng effektiv Aart a Weis. Mir benotze professionnell Rodentiziden a Falen, déi een net am Handel ze kafe kritt.

Clientsportal

Clientsportal fir Transparenz: Zäitpläng, Rapporten iwwert d‘Visitten, Empfeelungsberichter, Baupläng.

Mir hëllefen Iech och, folgend Schädlinge lasszeginn:

FAQ

Eis lizenzéiert an ausgebilten Experte benotze vill verschidde Methoden a Rodentiziden, fir Raten ze bekämpfen. Professionell Rodentizide sinn net am Handel erhältlech. Dës däerfe just vun zertifizéierte Professionellen an ënner Anhale vu strikte Richtlinnen a Reegele benotzt ginn.

Et gi vill Grënn, wisou Raten an Haiser eraginn an Infestatioune verursaachen. Den Haaptgrond ass, dass si en Ënnerdaach sichen, fir hiert Nascht ze bauen. Dofir benotze si alles, wat mëll a waarm ass, inklusiv al Kleeder, Matratzen, Isolatioun an aner mëll Materialien. Infestatiounen entstinn, wann d’Struktur vun Ärem Haus beschiedegt ass a Rëss a Spalten opweist (inklusiv an de Sanitäranlagen), well Rate kënne gutt klammen a fannen esou ee Wee an Äert Haus. Wann ee Liewensmëttel dobausse leie léisst oder Iessensreschter net richteg entsuergt, zitt een domat Raten un. Wann Dir Ären Terrain propper haalt an all Dreck entsuergt, haalt Dir d’Raten dovunner of, an der Géigend vun Ärem Haus ze bleiwenrem Haus ze bleiwen.

Professionell Ratebekämpfung ass dee schnellsten an effizientste Wee, fir Rate lasszeginn. Experte bidde sécher an zouverlässeg Methoden, fir Raten ze eliminéieren.

Wann Dir méi Informatioun braucht, schéckt dem Ady e klenge Message!

    Aner Servicer

    Harespelen

    Harespelen

    Mir befreien Äert Haus vun Harespelen a garantéieren Är Sécherheet. Méi Informatiounen

    Desinfektioun

    Desinfektioun

    Eisen Desinfektiounssystem stoppt d'Verbreedung vu krankheetserreegende Keimen. Méi Informatiounen

    Insekten

    Insekten

    Mir hëllefen Iech, Är Insekteproblemer sécher an effektiv ze bekämpfen. Méi Informatiounen

    Doftautomat

    Doftautomat

    Mir këmmeren eis drëm, dass Ären Offallraum ëmmer gutt richt. Méi Informatiounen

    Braucht Dir Hëllef? Rufft eis elo un.

    Simulate the price and order online! Quick and easy!

    Simulez le prix et commandez en ligne! Facile et rapide!

    Simulieren Sie den Preis und bestellen Sie online! Einfach und schnell!

    Simuléiert den Präis an bestellt online! Einfach an schnell!